Am Handball gëtt déi nei Saison ënnert engem neie Modus gespillt. Dësen huet wuel seng Virdeeler, ma och verschidden Nodeeler.

E bësse méi wéi e Mount virum Ufank vun der neier Handballsaison wollte mir de neien Spillmodus ënnert d'Lupp huele mat senge Virdeeler a Nodeeler.

Et muss ee schonn e grousse Spezialist sinn, fir all Subtilitéit vum Spillmodus richteg z'interpretéieren. Dofir huet sech de Serge Olmo vun Veräinsdirigenten Ënnerstëtzung gefrot.

Neie Modus am Handball / Serge Olmo

De Modus klengt beim Liesen tatsächlech komplizéiert, mä mir hu jo nach e gudde Mount, fir en Intus ze kréien.

Et bleift bei 10 Ekippen, déi an der héchster Divisioun ageschriwwe sinn. Den Haaptchangement ass, datt déi 10 just d'Aller-Matcher géintenee spillen an da bleiwen déi 6 Éischt ënnert sech, fir d'Retourmatcher.

No de Retourmatcher kënnt de reegelrechten Titel Play-Off, wou d'Punkten net méi duerch 2 gedeelt ginn.

D'Veräiner ware gedeelter Meenung, ob si vir oder géint de neie Modus solle sinn.

Déi grouss Ekippe si méi dacks ënnert sech a munch Partien, déi quasi vu vireran decidéiert ware géint déi kleng Ekippen, falen ewech.

Et ass warscheinlech fir Spannung gesuergt, mä de Patrick Reder, Manager vun de Red Boys, engem vun de grousse Favoritten, freet sech, ob den neie Modus gutt ukomme wäert bei de Supporter. De Modus ass esou komplizéiert, datt een en de Leit emol muss erklären. An de Patrick Reder stellt dann a Fro, ob ee grad am Ufank vun der Saison da vill Leit dozou motivéiert kritt, fir an d'Hal ze kommen.

De Frank Link, President vum CHEV Dikrech, gesäit fir déi kleng Veräiner, wéi zum Beispill säin, datt et och potentiell Nodeeler ginn. Et ass kloer, datt en Aller net kann esou fair sinn, wéi een Aller-Retour. Déi sechst Plaz ass fir ganz vill Ekippen e grousst Zil an enger Handballsaison. An déi Plaz gëtt quasi op 4 Spilldeeg ausgespillt. "Huet een do eng Kéier Pech mat Verletzungen oder eng Kéier net grad esou ee gudden Dag, da kann ee schonn no 1 oder 2 Matcher esou wäit hanne leien, datt et guer net méi méiglech ass, déi sechst Plaz ze kréien".

D'Promotiounsekippe gi mam neie Modus valoriséiert, well dës e kompletten Opstig Play-off wäerte spillen géint déi 4 lescht Ekippen aus der héchster Divisioun.