De Sabien Weber an den Denis Weinquin ginn niewent dem Philippe Linster a dem Alain Rauchs déi zweete Lëtzebuerger Arbitterkoppel bei der EHF.

Dëst huet d'Lëtzebuerger Handballfederatioun FLH en Dënschdeg de Moie matgedeelt.

De Sabien Weber an den Denis Weinquin waren zesumme mat 4 aneren Arbitterkoppelen als "EHF candidate referees" vum 7. bis 15. August beim W17 EHF Championship 2021 a Litauen am Asaz.

No enger gudder Performance an der Leedung vun der klenger Finall hu si hiren EHF-Badge kritt.

Domadder huet Lëtzebuerg nees 2 international Arbitterkoppelen.