Suessem
Handball Bieles offiziell vun der Gemeng ugeholl

D'Härenekipp vum Handball Bieles nach an hiren alen Trikoten. / © Handball Bieles
Domadder spillt de fréieren Handball Beetebuerg dann elo offiziell ënnert dem Numm "Handball Bieles" an der Gemeng Suessem.
Bis ewell war de Veräin jo nach an enger Testphas als "Handball Bieles" an der Gemeng Suessem aktiv. Vun der neier Saison un ass dës eriwwer an de Veräin ass offiziell zu Bieles etabléiert, dat schreift de Conseil d'administration an engem Communiqué.
D'Matcher wäert de Veräin, wéi dat schonn an der Testphas de Fall war, um Kannercampus um Belval ausdroen.
Am meeschte gelies