Dëschtennis
Hären-Nationalekipp qualifizéiert sech fir Europameeschterschaft

© pressphoto Archiv
D'Dëschtennis-Nationalekipp vun den Häre koum an der Qualifikatioun an hirer Grupp op déi éischte Plaz a séchert sech domat den Ticker fir d'EM-Finalronn.
Hei sinn nieft Lëtzebuerg just 24 weider Natioune qualifizéiert. Den Eric Glod, de Luka Mladenovic, de Gilles Michely an den Eric Thillen hunn an hirer Grupp géint Montenegro a San Marino gewonnen.
D'Ekippen-EM ass vum 28. September bis den 3. Oktober zu Cluj a Rumänien. Och d'Lëtzebuerger Damme si qualifizéiert.
Am meeschte gelies