Bierchem séchert sech de Supercup géint Esch
Bei den Damme konnt sech iwwerdeems de Coupegewënner Diddeleng mat 23:19 géint Dikrech duerchsetzen a sech de Supercup sécheren.
Um Samschdeg stoung am Lëtzebuerger Handball de Supercup um Programm. Hei war bei den Hären de Champion Esch op de Coupegewënner Bierchem getraff.
Hei waren et Escher, déi sech an den éischten 30 Minutten eng 3-Goler Avance erausspille konnten a sou mat 16:13 a Féierung louchen. No der Paus konnt de Coupegewënner vu Bierchem de Match awer nach dréinen a sou stoung um Enn eng 28:26-Victoire fir Bierchem. Bei Bierchem war virun allem de Christo Tsatso den entscheedende Faktor mat insgesamt 10 perséinleche Goler.
Bei den Damme koum et iwwerdeems zum Match tëscht dem Champion Dikrech am Coupegewënner Diddeleng. Hei gouf et um Enn eng 23:19-Victoire fir de Coupegewënner vun Diddeleng. Hei konnt virun allem d'Joy Wirtz mat ganzer 10 Goler fir déi Diddelenger Dammen iwwerzeegen.