Am nationalen Dëschtennis stoung um Sonndeg de Championnat am Eenzel um Programm.

Bei den Damme geet den Titel op en Neits un d'Sarah de Nutte. An der Finall konnt si sech mat 4-2 géint d'Tessy Gonderinger duerchsetzen. Et ass schonns dee 9. Championstitel fir d'Sarah de Nutte.

RTL

© Yannick Zuidberg

Bei den Häre konnt sech den Eric Glod mat enger 4-2 Victoire géint de Luka Mladenovic den Titel sécheren. Fir den Eric Glod ass et deen zweeten Titel.

Championnat am Dëschtennis/Reportage Franky Hippert
RTL

© Yannick Zuidberg

Mat Covid-Check war dat Ganzt an der Coque méiglech. Fir d'Federatioun war et wichteg, no deene schwierege leschte Méint, nees eng gewësse Normalitéit mat enger grousser Kompetitioun kënnen ze erliewen.

Der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun ass et an de leschten 18 Méint esou gaange wéi villen anere Sportverbänn am Land och. Fir den FLTT-President André Hartmann war et kloer, datt een, esoubal et erëm méiglech ass, d'Eenzelmeeschterschafte wéilt organiséieren.

"Mir hunn am Laf vun de leschte Méint op d'Jugend gesat, mä et war eis wichteg, och de Championnat bei de Seniore virum Ekippechampionnat ze spillen."

Ufank September ass en ongewinnten Datum fir d'national Eenzelmeeschterschaften. Normalerweis ginn déi Championen ëmmer um Fuesweekend gesicht.

"Ech muss éierlech soen, déi Woch, éier hei gespillt gouf, hunn ech mer geduecht, hmm, mä elo war et awer deen nämmlechte Feeling wéi soss.", esou den neie Champion bei den Hären, den Eric Glod.

An och d'Profi Sarah de Nutte, déi Lëtzebuerg jo am Juli op den Olympesche Summerspiller zu Tokio vertrueden hat, huet mat deem exzeptionellen Datum missen eens ginn.

"Jo, ech war zimmlech nervös, ech sinn no Tokio eréischt 2 Wochen nees am Training."

Fir d'Sarah de Nutte war et iwwregens deen 9. Championstitel am Eenzel, deen 8. hannerteneen. Den André Hartmann huet sech iwwert eppes och ganz besonnesch gefreet.

"Chapeau fir den héijen Niveau, och an de Finalle vun deene 4 Finalisten."

Bei der Dëschtennisfederatioun freet ee sech och, datt lo vu Mëtt September un d'Saison nees an der Ekippekompetitioun an allen Kategorië lass ka goen.