Europe Top 16 Cup
Ni Xia Lian verléiert an der Aachtelsfinall géint d'Portugisin Yu Fu

© AFP (Archiv)
D'Lëtzebuergerin muss sech mat 2:4 géint d'Goldmedailen-Gewënnerin vun de European Games vun 2019 geschloe ginn.
De Match war ausgeglach an ass ouni Ausnam bis zum leschte Punkt gespillt ginn. D'Fu Yu goung mat 11:7 an 11:8 a Féierung, wouropshin d'Ni Xia Lian den 3. Saz mat 11:9 gewanne konnt.
Am 4. Saz konnt d'Portugisin hire Virsprong duerch en 11:8 ausbauen. D'FLTT-Spillerin konnt allerdéngs op en Neits hire Réckstand am 5. Saz duerch en 11:9 verkierzen, ier d'Fu Yu sech mat 11:9 am leschte Saz konnt duerchsetzen. Domat steet d'Fu Yu an der Véierelsfinall an d'Lëtzebuergerin ass eliminéiert.
Am meeschte gelies