Stroossen wënnt zum Optakt, Fenteng dréint de Match géint Dikrech

© pressphoto (Archiv)
De Samschdeg war am nationale Volleyball-Championnat den Optakt vun der neier Saison. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
Härevolleyball
Bei den Hären ass de VC Stroossen mat enger 3:0-Victoire géint Iechternach an déi nei Saison gestart. An de weideren dräi Matcher vum 1. Spilldag hu sech iwwerdeems Luerenzweiler a Bartreng déi dräi Punkte geséchert a Fenteng konnt aus engem 0:2-Réckstand géint Dikrech nach eng 3:2-Victoire maachen.
Resultater Hären
Dammevolleyball
Bei den Damme sinn e Samschdeg zum Optakt dräi Matcher gespillt ginn. Den Gym Volley huet sech mat 3:0 géint Bartreng behaapt, Mamer huet mat 3:0 géint Stengefort gewonnen a fir den CHEV Dikrech gouf et eng 3:1-Victoire zu Fenteng.