Lénger wënnt iwwerraschend géint den Houwald

© pressphoto Archiv
De Weekend gouf am nationalen Dëschtennis-Championnat de 4. Spilldag gespillt.
An hei huet den DT Lénger fir eng gréisser Iwwerraschung gesuergt. D'Ekipp ronderëm de Christian Kill konnt nämlech mat 5:3 géint de Coupe-Gewënner Houwald duerchsetzen. Virop konnt de Christian Kill mat 3:1 géint d'Nummer 1 vum Houwald, den Irfan Cekic, gewannen.
Dëst wäert natierlech Hueschtert-Folscht freeën, déi sinn elo nämlech eleng un der Tabellespëtzt a sinn dann och déi eenzeg Ekipp, déi nach ongeschloen ass. De Weekend hu si mat 5:1 géint Éiter-Waldbriedemes gewonnen.
De Briddel kann iwwerdeems déi éischt Victoire vun der Saison feieren. Den DT Briddel klappt nämlech Iechternach mat 5:3.
Den amtéierende Champion Diddeleng konnt sech souverän mat 5:2 géint Berbuerg duerchsetzen a Rued wënnt kloer mat 5:0 géint d'Union.