Dëschtennis-Championnat
Hueschtert-Foulscht weider eleng un der Spëtzt

© Archiv
Um 5. Spilldag huet ee souverän mat 5:2 géint Iechternach gewonnen.
Am nationalen Dëschtennis-Championnat gouf et de Weekend nieft der souveräner Victoire fir Hueschtert-Foulscht géint Iechternach och e Succès fir de Champion Diddeleng. Ouni de Gilles Michely huet ee 5:3 bei Éiter-Waldbriedemes gewonnen. Den Houwald hat mam 5:0 keng Problemer bei der Union. Rued war Berbuerg mat 5:1 iwwerleeën. A Lénger huet de Briddel mat 5:2 geklappt.
Spannend ass weiderhin d'Course ëm d'Qualifikatioun an d'Top-6-Réckronnegrupp. Keng Chance méi schéngen aktuell Berbuerg an d'Unioun ze hunn, béid Veräiner hu bis ewell nach keng Partie gewonnen.
D'Resultater am Iwwerbléck
D'Tabell
Am meeschte gelies