De Veräin aus der LBBL huet en Dënschdeg den Owend dës Informatioun bekannt ginn.

Den John Dieckelman gouf als Head Coach vun der Härenekipp bei de Musel Pikes entlooss. Fir den Dieckelman war et déi zweet Saison op der Musel. Nom schlechten Depart an d'Saison hunn déi Responsabel dës Decisioun getraff.

Den Assistant Coach Majdi Anan iwwerhëlt den Interim.