Bei den Damme kënne sech d'Musel-Pikes mat 70:58 géint de Gréngewald behaapten a Steesel klappt de Basket Esch.

E Samschdeg an e Sonndeg den Owend war am Hären- an Damme-Basket den 8. Spilldag an der LBBL.

Härebasket

An der Tabell trennt de Basket Esch an d'Residence Walfer just eng Plaz mee am Match tëscht deenen zwee war et dann awer méi däitlech. Mat engem ganz staarken 1. Véierel vum Basket Esch respektiv engem schwaachen vu Walfer, hat Esch scho fréi e grousse Virsprong wéi se dësen mat 31:7 fir sech entscheet haten. Dono huet sech Walfer gefaangen a war den Escher gläichwäerteg mee de Réckstand aus dem 1. Véierel war ze grouss sou dat se mat 72:96 (7:31; 28:23; 19:23; 18:19) verléieren.

D'Sparta Bartreng huet dem US Hiefenech keng Chance gelooss a kënne sech kloer mat 90:67 (14:12; 28:15; 28:19; 20:21) duerchsetzen.

Wéi erwaart konnt sech d'Etzella Ettelbréck zu Steesel duerchsetzen a wannen mat 84:69 (23:23; 27:15; 17:18; 17:13).

No enger ganz staarker éischter Hallschent hat Contern de Match géint de Racing scho quasi entscheet. Um Enn stoung e kloeren 98:60 (35:18; 23:7; 22:13; 18:22) op der Tafel.

Eng net onbedéngt ze erwaardend Néierlag gouf et fir den T71 Didddeleng bei de Musel Pikes. Mat Hëllef vun engem staarke leschte Véierel hu sech d'Pikes eng 79:71-Victoire (13:14; 24:23; 20:16; 14:26) geséchert. Fir si ass et deen éischte Succès an dëser Saison.

RTL

© Shari Schenten

E Sonndeg den Owend war et nach d'Partie tëscht dem Telstar Hesper an der Arantia Fiels. Et war e ganz ausgeglachene Match, dee mat dem knapps-méiglechste Resultat op en Enn gaangen ass, dat zu Gonschte vun Hesper. Si setze sech mat 71:70 géint d'Fiels duerch.

Hären

Dammebasket

Am Spëtzematch vum 8. Spilldag ass de Gréngewald op d'Musel-Pikes getraff. De Match sollt dann och ganz enk zur Saach goen. Nodeems de Gréngewald nach an der Paus mat 37:31 am Avantage louch, hunn d'Musel-Pikes no der Paus e Gang eropgeschalt, konnten am Laf vum 3. Véierel mat Hëllef vun engem 11:0-Laf d'Féierung iwwerhuelen an hunn dës bis zum Schluss vum Match och net méi hierginn sou dat se mat 58:70 (12:15; 25:16; 10:22; 11:17) gewannen. Bei de Musel-Pikes war d'Charlie Bidinger mat 22 Punkten déi bescht Scorerin.

An engem ganz enke Match konnt sech um Enn d'Amicale Steesel mat 72:67 (11:17; 21:10; 16:15; 24:25) géint de Basket Esch duerchsetzen.

Den AB Contern ka souverän mat 85:68 (29:25; 20:11; 13:21; 23:12) géint d'Sparta Bartreng gewannen.

Ganz däitlech war et am Match tëscht dem T71 Diddeleng an der Etzella Ettelbréck. Hei huet Diddeleng der Etzella absolut keng Chance gelooss a gewënnt mat 131:74 (35:18; 36:19; 34:18; 26:19). Diddeleng bleift domadder an dëser Saison ongeschloen.

Méi enk war et am Match tëscht dem Residence Walfer an de Les Sangliers Wooltz woubäi sech um Enn Walfer mat 71:62 (21:14; 15:10; 17:24; 18:14) duerchsetze konnt.