Fiels a Sparta di sech schwéier, Etzella eliminéiert Amicale

En Donneschdeg den Owend war an der nationaler Coupe vun den Hären d'Suite vun den Aachtelsfinallen.
Donneschdeg
Um Donneschdeg gouf et keng gréisser Iwwerraschung, och wann d'Fiels sech géint Käerjeng an d'Sparta sech géint de Kordall schwéier gedoen hunn. Méi kloer Victoirë gouf et fir Walfer an d'Etzella. Walfer eliminéiert de Black Star Miersch an d'Etzella gewënnt mat 87 op 74 géint d'Amicale Steesel.
Mëttwoch
Fir den AB Contern gouf et an der Partie géint d'Musel Pikes eng 86:69-Victoire, de Basket Esch steet mat engem 70:54 géint Hiefenech an der nächster Ronn an den Telstar Hesper huet sech mat enger 83:74-Victoire géint den T71 fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert.
En Donneschdeg den Owend ginn dann nach déi lescht fënnef Partien an der Aachtelsfinall gespillt.