An enger serréierter Partie klappt Walfer déi Bartrenger mat 90:85. Esch huet sech géint Diddeleng duerchgesat iwwerdeems Steesel géint Pikes gewënnt.

E Samschdeg den Owend an um Sonndeg stoung am Häre-Basket den 9. Spilldag um Programm.

Härebasket

Um Sonndeg ass um leschte Match vum 9. Spilldag nach d'Etzella vun Ettelbréck op den Telstar Hesper getraff. D'Etzella war hei de Favorit an huet dat och am éischte Véierel ënner Beweis gestallt wéi se an dësem mat 26:18 an de Match gestart sinn. Och an de Véierelen dono ass Ettelbréck déi besser Ekipp bliwwen a konnte kontinuéierlech hire Virsprong weider ausbauen. Um Enn gouf et dann eng souverän 98:77 (26:18, 25:23, 24:20, 23:16) Victoire fir d'Etzella.

Walfer ka géint Bartreng de Spëtzematch gewannen
Bartreng ass trotz der Néierlag um gudde Wee a baut konsequent op d'Jugend, wat sech aktuell bezuelt mëscht.

Am Spëtzematch tëscht der Sparta an der Résidence Walfer konnt sech um Enn Walfer mat 90:85 (17:21, 16:20, 28:16, 29:28) duerchsetzen. Dobäi huet et virun allem an der 1. Hallschent dono ausgesinn, wéi wa Bartreng d'Nues vir hätt, si si dach mat 8 Punkte Virsprong an d'Paus gaangen. Am 3. Véierel huet Walfer dunn opgedréint an de Match zu hire Gonschte gedréint. Am leschte Quarter ass et hin an hier gaangen. Sparta louch bemol nees vir, éier Walfer ënnert dem Impuls vum Alexander David schlussendlech de Match awer nach zu hire Gonschten dréine konnt. Walfer gewënnt mat 90:85 bei der Sparta. Béid Ekippen hu wéi och Esch elo 16 Punkten um Konto.

De Basket Esch gewënnt no enger serréierter Partie mat 87:79 (27:25, 24:15, 19:19, 17:20) géint den T71 Diddeleng.

Basket Esch - T71 Diddeleng 87:79
Esch ka sech an engem enke Match mat 87:79 géint den T71 Diddeleng duerchsetzen.

Hiefenech gëtt no engem katastrophalem 1. Véierel um Enn awer nach senger Favoritteroll gerecht a ka sech no 40 Minutte mat 70:63 (4:23, 20:6, 18:10, 28:24) beim Racing duerchsetzen.

Fir d'Fiels gouf et no enger immens spannender Schlussphas, bei där et och an d'Verlängerung hätt kéinte goen, eng 79:76-Victoire (25:18, 18:21, 16:20, 20:17) géint Conter. Bei der Fiels war den Duane Alexander Johnson mat formidabele 46 Punkten, deen alles entscheedende Spiller um Terrain.

D'Musel Pikes verléieren no engem schrecklechen 3. Véierel iwwerdeems mat 83:94 (20:16, 16:22, 15:32, 32:24) géint d'Amicale Steesel a bleift domat um Tabellewupp hänken.

Hären

Tabell