Donieft huet sech Conter an der Overtime géint d'Etzella duerchgesat.

De Weekend steet am nationale Basket-Championnat bei den Hären een duebele Spilldag um Programm. E Freideg den Owend war et den Optakt mam 10. Spilldag.

Resumé Basket 10. Spilldag / Reportage Guy Seyler

Am Spëtzematch tëscht der Sparta Bartreng an dem Basket Esch war et bis de leschte Véierel spannend. Um Enn hu sech déi Bartrenger duerch staark lescht 10 Minutte mat 80:73 (17:16, 17:17, 12:21, 34:19) d'Victoire geséchert.

Keng Problemer hat Walfer géint de Racing. Souverän huet ee sech mat 121:99 (30:20, 41:24, 24:34, 26:21) duerchgesat. D'Résidence steet elo punktgläich mat der Sparta un der Spëtzt vun der Tabell.

Spannend war de Match tëscht Conter an der Etzella. An der Overtime ass hei eréischt d'Decisioun gefall. Um Enn war Conter eng Grëtz besser a konnt sech iwwert d'Victoire freeën. De Match aus mam Score vun 105:102 (31:28, 21:25, 24:19, 20:24, 9:6) ausgaangen.

Am Derby tëscht Hiefenech an der Fiels gouf et eng Victoire fir d'Gäscht. D'Arantia huet sech mat 93:77 (23:20, 19:22, 28:13 an 23:22) zu Hiefenech behaapt. De Kapitän vun Hiefenech Max Schmit war de Match iwwerdeems no 16 Minutte schonn eriwwer. No enger Faute technique an engem onsportleche Feeler gouf hie beim Stand vun 31:32 an d'Dusch geschéckt.

Eng weider Néierlag gouf et fir de Champion Diddeleng. Den T71 huet sech zu Steesel misse mat 77:96 (19:27, 23:24, 19:23, 16:22) geschloe ginn.

Keng Chance haten iwwerdeems d'Pikes zu Hesper. Den Telstar huet sech mat 90:69 (21:18, 28:15, 27:16, 14:20) géint d'Musel Pikes duerchgesat.

E Freideg den Owend goufen dann och d'Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg ausgeloust. Mat Munneref ass nach ee Veräin aus der Nationale 2 dobäi. Hei heescht de Géigner Fiels. Da spillt nach Esch géint Walfer, d'Etzella géint Conter an den Telstar géint d'Sparta.

D'Resultater an d'Tabell vum Härebasket am Iwwerbléck

Hären

Tabell