Résidence Walfer elo eleng un der Tabellespëtzt

© Shari Schenten
Donieft huet d'Sparta beim Racing verluer. D'Etzella an de Basket Esch hunn hir Matcher ouni Problemer gewonn.
Um Sonndeg stoung den 11. Spilldag am nationale Basket-Championnat bei den Hären um Programm.
Den T71 Diddeleng huet sech um Enn knapp mat 78:70 (17:22, 17:9, 24:20, 20:19) géint den Telstar Hesper behaapt. An der Tabell konnt Diddeleng mat hirem Géigner gläichzéien a sech aus dem Tabellekeller erausschaffen.
Ganz uewen an der Tabell steet elo d'Résidence Walfer. Si hu sech an der Fiels mat 96:90 (24:19, 30:28, 8:28, 28:21) duerchgesat.
De Basket Esch bleift no der 107:92-Victoire (22:23, 27:20, 29:17, 29:12) géint d'Amicale vu Steesel punktgläich mat Ettelbréck am Spëtzegrupp vun der Tabell.
D'Etzella konnt sech doheem mat 92:75 (22:24, 24:13, 25:19, 21:19) géint Hiefenech behaapten.
Ënnenof huet sech de Racing wichteg Punkte geséchert n sech duerch eng gutt Leeschtung am leschte Véierel géint d'Sparta mat 73:64 (19:25, 17:12, 15:15, 22:12) duerchgesat.
D'Musel Pikes haten doheem keng Chance géint den AB Contern. D'Gäscht hunn hire Géigner mat 100:66 (25:12, 32:19, 19:14, 24:21) iwwerrannt.