WTT Contender Novo Mesto
Ni Xia Lian muss sech an der Finall geschloe ginn

© Manfred Schillings (Archiv)
Nodeems d'Lëtzebuergerin an de Véierelsfinallen iwwerraschend d'Nummer 10 vun der Welt eliminéiert hat, hat si an der Finall keng Chance.
An der Finall vum WTT Contender Novo Mesto huet d'Ni Xia Lian sech e Sonndeg misse mat 1:4 géint d'Chinesin Liu Weishan, déi bei dësem Tournoi nëmmen ee Sat huet missen ofginn, geschloe ginn.
Am meeschte gelies