Racing a Coach Amadeo Dias gi getrennte Weeër

© Pressphoto-Archiv
Aus dem nationalen Härebasket ass et d'Nouvelle, datt den Amadeo Dias net méi Trainer vum Racing ass.
Déi Stater hu sech vun hirem Coach getrennt, dat huet de President Georges Berna an den Amadeo Dias RTL géintiwwer confirméiert.
De Racing huet no 11 Matcher 14 Punkten um Kont, allerdéngs de Weekend iwwerraschend géint d'Sparta gewonnen. Den Dias hat eréischt virun dëser Saison op der Trainerbänk am Tramschapp Plaz geholl. Een Nofollger soll e Mëttwoch
presentéiert ginn.
Vun der Sparta Bartreng ass et iwwerdeems d'Nouvelle, datt ee sech vu sengem Profi Henry Pwono getrennt huet. Den 30 Joer alen Amerikaner huet net gepasst, seet de President Romain Hoffmann. Et hat ee sech méi eng Leaderroll vun him erwaart. En neie Mann soll schonn e Mëttwoch presentéiert ginn.