Kee Gewënner tëscht Lénger an Diddeleng

© Val Wagner (Archiv)
Um 7. Spilldag vum Dëschtennis-Championnat huet de Zoltan Fejer-Konnerth seng éischt Néierlag fir dës Saison missen astiechen.
D'Nummer 1 an der Verbandsranglëscht huet sech am Match géint Lénger mat 2:3 géint de Christian Kill misse geschloe ginn. Um Enn koum den amtéierende Champion dowéinst net iwwer e 4:4 eraus.
Den Tabelleleader Hueschtert-Folscht gewënnt mat 5:2 géint d'Union. D'Nummer 1 vun Hueschtert, de Mats Sandell, huet allerdéngs géint de Stephan Tromer eng iwwerraschend Néierlag missen akzeptéieren.
Den Houwald huet eng deziméiert Ekipp vum Briddel kloer mat 5:0 iwwerrannt, mam nämmlechte Resultat gewënnt Berbuerg zu Iechternach a Rued huet sech mat 3:5 géint Éiter-Waldbriedemes misse geschloe ginn.