Dëschtennis-WM
Ni Xia Lian a Sarah de Nutte starte mat enger Victoire

© AFP (Archiv)
An der Ronn vun de beschten 128 krut d'Ni Xia Lian (Plaz 40) et en Dënschdeg den Owend mat der Italienerin Jamila Laurenti (187) ze dinn.
Hei huet d'Lëtzebuerger Nummer 1 däitlech mat 4:0 gewonnen. D'Sarah de Nutte (79) huet an der Nuecht op de Mëttwoch d'Dora Madarasz (64) aus Ungarn mat 4:1 geklappt.
E Mëttwoch den Owend da spille béid Lëtzebuergerinnen am Dubbel géint d'Kanadierinnen Mo Zhang an Joyce Xu.
Am meeschte gelies