Dëschtennis-WM zu Houston
Ni Xia Lian a Sarah De Nutte stinn am Dubbel an de Véierelsfinallen

© Manfred Schillings/FLTT
Déi zwou Lëtzebuergerinnen hu sech mat 3:2 géint hir Géignerinnen aus Hongkong duerchgesat.
Staark Leeschtung am Dubbel vum Ni Xia Lian a Sarah De Nutte
E weidere staarken Optrëtt gouf et bei der Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu Houston an den USA vum Ni Xia Lian an dem Sarah de Nutte.
E weidere staarken Optrëtt gouf et bei der Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu Houston an den USA vum Ni Xia Lian an dem Sarah de Nutte. Déi zwou Lëtzebuergerinne stinn no engem 3:2-Succès géint d'Doo Hoi Kem (13) an d'Lee Ho Ching (50) aus Hongkong am Dubbel an de Véierelsfinallen.
E Samschdeg geet et fir d'Lëtzebuergerinnen elo schonn ëm eng Medaileplaz. Géignerinne sinn d'Inderinnen Manika Batra (WR 56) an Archana Girish Kamath (WR 123).
Am meeschte gelies