Damme vu Walfer klappen de Basket Esch

© AFP (ARCHIV)
Iwwerdeems konnt sech de Gréngewald géint Sparta duerchsetzen a Contern verléiert doheem géint d'Pikes. An der Owespartie klappt den T71 d'Amicale.
E Samschdeg den Owend war am Dammen-Basket de 11. Spilldag. D'Häre spillen dëse Weekend wéinst der Lännermatchpaus net.
Dammebasket
Am Verfolgerduell tëscht der Résidence Walfer an dem Basket Esch ka sech um Enn Walfer verdéngt mat 71:57 (20:11, 13:12, 18:20, 20:14) duerchsetzen. Walfer huet vun Ufank un d'Heft an d'Hand geholl gehat a louchen no 10 Minutte mat 20:11 a Féierung. Esch huet sech wuel net opginn, huet de Match am 2. an 3. Véierel ausgeglach gehalen, ouni de Réckstand awer verkierzen ze kennen. Am leschte Quarter war d'Loft bei de Gäscht dunn eraus, sou dass si sech Walfer musse geschloe ginn.
De Gréngewald hat Besuch vun den Damme vu Bartreng. Nodeems d'Lokalekipp no 10 Minutte scho mat 21:13 a Féierung louch, huet d'Sparta den zweeten an drëtte Véierel fir sech entscheet an hunn doduerch nach emol fir Spannung gesuergt. An de Schlussminutte sollten de Gréngewald hire Virsprong awer iwwert Zäit bréngen a gewannen um Enn mat 65:56 (21:13, 13:14, 17:19, 14:10).
Den AB Contern huet sech doheem missen no enger schlechter 1. Hallschent kloer mat 48:71 (7:18, 5:20, 17:16, 19:17) géint Musel-Pikes geschloe ginn.
An der Owespartie huet dann nach den T71 Diddeleng Besuch vu Steesel gehat. Alles an allem sollt den T71 näischt ubrenne loossen a gewënnt trotz engem schlechten 3. Quarter mat 81:66 (18:9, 22:19, 14:23, 27:15) géint d'Amicale. Diddeleng bleift 1. an der Tabell.
E Sonndegmëtteg war zum Ofschloss vum Spilldag nach d'Etzella zu Wolz op Besuch. Fir d'Ekipp vun Ettelbréck gouf et um Enn eng knapps 87:81-Victoire (25:13, 23:28, 15:18, 18:28).