De Weekend war de 7. Spilldag am nationale Volleyball-Championnat. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.

Bei den Häre gouf et eng 1:3 (25:23, 23:25, 22:25, 18:25) Néierlag vun Iechternach géint Dikrech. Stroossen huet Luerenzweiler keng Chance gelooss a gewënnt säitlech mat 3:0 (34:32, 25:20, 25:20).

Eng spannend Partie gouf et zu Bartreng. Um Enn muss sech de Volley Bartreng awer mat 2:3 géint Fenteng geschloe ginn. (20:25, 27:25, 25:16, 21:25, 18:20)

Bei den Dammen huet sech Bartreng mat 25:17 (25:21, 23:25, 25:10, 25:17) géint Fenteng konnten duerchsetzen. Péiteng gewënnt doheem mat 3:2 (24:26, 25:17, 19:25, 25:23, 15:10) géint Dikrech. Stengefort muss sech doheem an eegener Hal 1:3 (25:16, 17:25, 16:25, 12:25) dem GYM geschloe ginn.

Härevolleyball

Resultater Hären

Dammevolleyball

Resultater Dammen