Géint Hueschtert/Foulscht gouf et eng kloer Néierlag a géint Diddeleng e Remis. Donieft huet Berbuerg de Sprong an d'NLA verpasst.

Am nationalen Dëschtennis-Championnat stoung de Weekend fir verschidde Veräiner een duebele Spilldag um Programm. Nieft den 2 Spëtzematcher Hueschtert/Foulscht géint Houwald an Houwald géint Diddeleng war et och nach d'Lutte ëm d'Qualifikatioun fir d'NLA.

Verléierer vum Weekend ass um Enn engersäits den Houwald an anerersäits Berbuerg. Den Houwald konnt kee vun de Spëtzematcher gewannen. Géint Hueschtert-Foulscht gouf et eng kloer 2:5-Néierlag a géint Diddeleng huet ee 4:4-Gläich gespillt. Berbuerg muss sech iwwerdeems um Enn mat der 7. Plaz zefridde ginn.

Domadder stinn also déi 6 Ekippe vun der Nationalliga A fest. Dës maachen de Champion ënnert sech. Mat dobäi sinn Hueschtert/Foulscht, den Houwald, Diddeleng, Lénger, Rued an Éiter/Waldbriedemes. 5 Matcher ginn elo gespillt an da qualifizéiere sech déi zwou éischt Ekippen direkt fir d'Halleffinallen an déi aner 4 mussen an de Playoff.

An der NLAB decidéiert sech dann an den nächste Woche wéi eng Ekippen d'nächst Saison an der héchster Divisioun wäerte spillen. An der NLAB si folgend Ekippe vertrueden: Berbuerg, Briddel, Iechternach, Union, Recken, Lëntgen, Lënster, Esch Abol, Nidderkäerjeng an den Houwald 2.