En Donneschdeg war am Volleyball d'Auslousung vun de Véierelsfinalle vun der Coupe bei den Dammen an den Hären.

De 26. an de 27. Februar 2022 ginn d'Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball gespillt.

Bei den Häre kënnt et zu folgende Partien:

Bartreng (NL) - Fenteng (NL)
Dikrech (NL) - Esch (NL)
Biissen (D2) - Stengefort (D2)
Iechternach (NL) - Stroossen (NL)

Bei den Damme goufen dës Partien ausgeloust:

Iechternach (D1) - Péiteng (NL)
Luerenzweiler (D1) - Mamer (NL)
Gym (NL) - Dikrech (NL)
Walfer (NL) - Stengefort (NL)