Nodeems Eslöv sech e Mëttwoch mat enger Victoire géint Spårvägens fir d'Finall vun der Coupe qualifizéiere konnt, war en Donneschdeg d'Finall.

Iertemlecherweis hate mir gemellt, den Eric Glod hätt d‘Coupe a Schweden gewonnen, allerdéngs ass de System a Schweden méi speziell.

Deemno geet et net dono, wien déi meescht Matcher gewonnen huet, mee wien als éischt 10 Sätz gewonnen huet. Deemno huet net Eslöv, mee Halmstad d'Coupe gewonnen, well no den Eenzel stoung et 9:9 an de Sätz.

Am uschléissenden Dubbel huet Halmstad den éischte Saz mat 11:9 gewonnen an d‘Coupe domat fir sech decidéiert.

Portrait vum Eric Glod/Reportage Yannick Zuidberg