Dëse Weekend stoung de véierte Spilldag vum Playoff am nationalen Dëschtennis-Championnat um Programm.

Am Spëtzematch tëschent Diddeleng an dem Houwald hunn d'Gäscht vum Holleschbierg iwwerraschend däitlech mat 5:1 d'Iwwerhand behalen. Zwar konnt de Zoltan Fejer-Konnerth den Irfan Cekic am éischte Match mat 3:1 klappen. Am weidere Verlaf hunn awer just nach d'Spiller vum DT Houwald Matcher gewonnen. Duerch des Victoire klëmmt den Houwald virum leschte Spilldag op déi zweet Tabelleplaz a ka sech scho mat engem Remis fir d'Halleffinalle qualifizéieren.

Den DT Lénger huet sech iwwerdeems mat engem 4:4-Remis beim DT Rued missen zefridde ginn. Duerch Ausfäll vum Tessy Gonderinger a Joël Kox war Rued souguer nach geschwächt. Duerch de Remis fält Lénger op déi drëtt Tabelleplaz a muss am leschte Match géint den Houwald gewannen, fir sech nach direkt fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren.

Donieft huet Éiter-Waldbriedemes géint Hueschtert-Folscht 4:4 gläich gespillt. Och mat dësem Punkteverloscht bleift Hueschtert-Folscht sécher op der éischter Tabelleplaz.

D'NLAB am Iwwerbléck