Volleyball
Luerenzweiler verpasst den Ticket fir d'Halleffinallen

© pressphoto (Archiv)
De Weekend war de 14. an domat leschte Spilldag am nationale Volleyball-Championnat. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
Härevolleyball
Bei den Hären huet Luerenzweiler mat enger 1:3-Defaite um leschte Spilldag géint Stroossen d'Chance op eng Plaz an der Halleffinall verpasst. Do kënnt et elo zu den Dueller tëscht Bartreng géint Dikrech an tëscht dem Tabellenéischte VC Stroossen géint Fenteng.
Resultater Hären
Dammevolleyball
Och bei den Damme stinn déi véier Halleffinaliste fest. Nieft dem Duell tëscht dem Tabellenéischten RSR Walfer géint Stengefort kritt den Gym Volley et am anere Match géint Mamer ze dinn.
Resultater Dammen
Am meeschte gelies