Neie Rendez-vous fir d'Halleffinalle vun der Coupe am Basket

© RTL-Archiv
Déi Lëtzebuerger Basketfederatioun huet nach emol missen ëmplangen, wat de Final 4 an der Coupe ugeet.
Well d‘Arena vun der Coque vun der Liichtathletik-Federatioun genotzt gëtt, wäerten d‘Halleffinalle vun der Coupe am Basket bei den Dammen an den Hären elo dënschdes a mëttwochs, den 8. an 9. Mäerz am Gymnase gespillt ginn. D‘Coupe-Finalle vun den Dammen an Häre ginn awer weiderhin samschdes, den 12. Mäerz an der Arena vun der Coque gespillt an och op RTL iwwerdroen.
Hei de Programm am Iwwerbléck
Dënschdes, 8. Mäerz 2022 (Gymnase):
• 18h30 : Amicale Steinsel – T71 Dudelange (Dammen)
• 20h45: Arantia Larochette – Etzelle Ettelbreck (Hären)
Mëttwochs, 9. Mäerz 2022 (Gymnase):
• 18h30: Basket Esch – Résidence Walferdange (Dammen)
• 20h45: Basket Esch – Telstar Hesperange (Hären)
Samschdes, 12 Mäerz 2022 (Arena) :
• 13h15: AS Zolwer – Telstar Hesperange (Coupe FLBB Dammen)
• 15h00: Black Frogs Schieren – Eastside Pirates (Coupe FLBB Hären)
• 17h30: Lalux Ladies Cup Finall
• 20h15: Loterie Nationale Coupe de Luxembourg Finall