E Samschdeg stoung am nationalen Dëschtennis-Championnat de leschte Spilldag um Programm.

Hei hu sech den Tabelleleader Hueschtert-Folscht an den aktuelle Champion Diddeleng mat 4:4 getrennt. Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann Hueschtert-Folscht sech déi éischte Kéier an der Saison misst geschloe ginn. Bei enger 4:1-Féierung fir déi Diddelenger louch de Gilles Michely nämlech mat 2:0 am Saz géint de Mael van Dessel vir, ma de jonken Hueschterter konnt de Saz um Enn awer nach zu senge Gonschten dréinen. Dono huet d’Ekipp aus dem Westen d’Iwwerhand behalen a konnt domat déi éischt Defaite vun der Saison nach verhënneren.

Am wuel wichtegste Match vum Spilldag hat ee sech am Virfeld eng spannend Partie erwaart, ma Lénger hat mam Houwald keng Problemer a konnt sech um Enn mat 5:1 duerchsetzen. Zwee Joer nom Opstig an déi héchsten Divisioun feiert Lénger mat dëser Victoire also déi 2. Plaz an domat d'Qualifikatioun fir d’Halleffinallen, wärend den Houwald als Tabelleleader an d’Playoffs muss.

Iwwerdeems konnt Éiter-Waldbriedemes dunn nach mat 5:2 géint den DT Rued gewannen. Virun allem de Mickael Fernand huet op Säite vun der Lokalekipp eng staark Leeschtung géint verletzungsgeschwächt Ruedter gewisen. Rued huet mat dëser Defaite seng gutt Ausgangslag fir an d’Playoffs e wéineg verspillt a start vun der 3. Tabelleplaz, wärend Éiter-Waldbriedemes vun der 2. Plaz aus ufänkt.

D’Partië vun de Playoffs, wou decidéiert gëtt, wéi eng zwou Ekippe sech nach fir d’Halleffinalle qualifizéiere wäerten, sinn de 6., den 13. an den 20. Mäerz. Wärend den Houwald an Éiter-Waldbriedemes alle béid mat 7 Punkte starten, läit Rued um Ufank mat 6 Punkten op der 3. Plaz an Diddeleng geet mat 3 Punkten als leschten an d’Playoffs eran.

D'NLAB am Iwwerbléck

Och an der NLAB gouf e Samschdeg gespillt. Hei konnt sech um Mëtteg Berbuerg mat 5:1 géint den DT Esch Abol duerchsetzen, wärend Nidderkäerjeng mat 2:5 géint Recken de Kierzere gezunn huet. Um Owend gouf et fir de Briddel nach eng 5:3-Victoire géint Iechternach, d’Union huet 5:0 zu Lënster gewonnen a Lëntgen an Houwald 2 hu sech 4:4 getrennt.