De Weekend gëtt an der Coupe am Dëschtennis de Successeur vum Houwald gesicht.

Hätt ee virun der Saison gesot, datt Hueschtert-Folscht a Rued sech an der Coupe-Finall géinge géintiwwer stoen, hätte wuel déi mannst et gegleeft. Datt Rued sech qualifizéiert huet, ass nämlech schonns eng kleng Iwwerraschung, ma mat Diddeleng an dem Houwald hu si déi zwou dominant Ekippe vun de leschte Joren eliminéiert a stinn domat verdéngt an der Finall.

Magazin Spin / Reportage Yannick Zuidberg

Hueschtert-Folscht ass dës Saison souwuel an der Coupe wéi am Championnat nach ongeschloen, wat engem natierlech Confiance gëtt, nawell gesäit ee sech net als de ganz grousse Favorit, esou de Serge Decker, e Comitésmember vum DT Hueschtert-Foulscht.

"Dat misst u sech Confiance ginn, trotzdeem mam System, wou 3 géint 3 gespillt gëtt a mir wéinst de Reglementer op ee vun eisen zwee transferéierte Spiller verzichte mussen, si mir fir mech net de klore Favorit."

Nawell hofft een natierlech, fir géint Rued den éischte groussen Titel an der Veräinsgeschicht gewannen ze kënnen.

"Mir hu bis elo um allerhéchsten Niveau wierklech nach ni een Titel gewonnen. Mir hu vill Titelen am Jugendberäich gewonnen an de leschte Joren, mä een Titel um allerhéchsten Niveau eng Coupe oder ee Meeschtertitel dat wär natierlech fir de Veräin eppes Extraes, besonnesch och, well mir dëst Joer eise 50. Anniversaire feieren. A wat gëtt et méi Schéines, fir esou eng Saison mat engem Titel kënnen ofzeschléissen."

Een, deen dobäi eng wichteg Roll spille kéint, ass de jonke Maël van Dessel, deen aus der eegener Jugend kënnt. Dozou de Serge Decker, deen zoustänneg ass fir d’Jugendaarbecht beim DT Hueschtert-Foulscht.

"Dat ass natierlech eppes ganz Besonnesches. Dee Jong huet mat 8 Joer bei eis am Veräin ugefaangen, spillt mëttlerweil um héchsten Niveau, hien ass och mëttlerweil wichteg fir d'Ekipp a ka quasi op engem gudden Dag géint all Spiller gewannen."

Do wäerten d’Spiller an d'Spillerinne vu Rued awer eppes dogéint hunn, well och hinne feelt et net u Potenzial. Där Iwwerzeegung ass och de Christophe Krecké, dee beim DT Rued am Comité ass.

"Mir waren ons scho bewosst, datt mir en zolidd Potenzial hätten, fir kënne matzespille vir, mä wat wierklech zu onsem Erfolleg gehéiert, ass sécherlech, datt mir dat Potenzial ëmmer erëm all zesummen zum richtege Moment konnten asetzen. An ech mengen, dat ass eppes wat déi ganz Ekipp charakteriséiert."

Ee ganz wichtege Facteur ass dës Saison och de José Lavado, dee sech zu enger richteger Geheimwaff entwéckelt huet.

"Wat ee beim José och gemierkt huet, dass hie sech wierklech gutt an eise Veräin integréiert huet. Hie fillt sech immens wuel an dat dréit an eisen Aen och ganz kloer dozou bäi, datt hien esou an där Form ass, wou e grad ass."

Wie sech um Enn dann iwwert den Titel an der Coupe däerf freeën, decidéiert sech e Samschdeg vu 4 Auer un am Gymnase vun der Coque.