Tëschebilan vum Volleyball-Championnat

© AFP (Archiv)
Just ee Match bleift nach ze spillen an der Haaptronn vum Volleyballchampionnat.
Mä egal wéi den Nohuelmatch tëscht dem VC Fenteng an dem Volley Bartreng bei den Hären ausgeet, um aktuelle Stand vun der Tabell wäert sech näischt méi änneren. Deemno eng gutt Geleeënheet, fir en Tëschebilan vun der aktueller Saison am Volleyball ze zéien.
Ugefaange mat den Hären, wou sech eng serréiert Saison ugedeit hat. Richteg enk war et no 14 gespillte Matcher awer just ëm déi véiert Plaz an den Halleffinalle ginn. Hei konnt sech de VC Fenteng virum VC Luerenzweiler behaapten. Sécherlech eng Enttäuschung fir de Finalist vum leschte Joer, Luerenzweiler, deen den Ufank vun der Saison komplett ratéiert hat an och scho fréi an der Coupe eliminéiert gouf. Mat 12 Punkte Virsprong op eng Barrageplaz dierfte si sech am Playdown géint Esch, Belair an Iechternach ouni gréisser Problemer duerchsetze kënnen.
An den Halleffinalle spillen dann de bis ewell ongeschloenen Titelverdeedeger VC Stroossen géint Fenteng an de Volley Bartreng géint de CHEV Dikrech. Fir de Steve Weber vum Volley Bartreng ass de Moment komm, fir 20 Joer nom leschte Championstitel nees an d'Finall vum Championnat anzezéien.
"Jo éierlech gesot, ech ka mech wierklech och net drun erënneren, wéini dass Bartreng an enger Finall vum Championnat war. Mä Dikrech ass wéi gesot ëmmer nach eise Géigner. Mir hunn zweemol am Championnat elo 3:0 gewonnen. Mengen ech ass eng Ekipp, déi eis relativ gutt läit. Et ass natierlech hiren Opposite, wann dee bis waarm leeft, muss ee kucken, datt een deen an de Grëff kritt, mä ech mengen eis Chancë stinn do relativ gutt, fir an d'Finall ze kommen."
Lo sinn 2 Weekender spillfräi, éier et mat de Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg weidergeet. E bëssen Zäit also, fir ze regeneréieren, dat och no eenzele Covidfäll am Kader vum Volley Bartreng.
"Ma déi Paus kënnt eis am Fong relativ gutt entgéint, well mir relativ vill positiv Fäll elo hate bei eis an da si mir wéinstens alleguerten do fir dann d'Playoffs an och fir d'Coupe. Dat ass schonn emol gutt. An zousätzlech ass natierlech fir elo déi zwee Weekender, wou kee Match ass, kann een emol erëm eng Kéier méi an de Fitness goen, bëssen no sengem Kierper kucken, wat wichteg ass."
Ënnert anerem och mat Covid geplot war de VC Stengefort bei den Dammen, déi et no 5 Joer nees eng Kéier an d'Halleffinalle vum Championnat gepackt hunn. Eng Saison mat vill Op an Of fir Laura Palgen a Co.
"Ech denken, déi gréissten Hürd war effektiv Covid, mat all den Tester, heiansdo erëm Schnelltester, déi positiv waren, an dann duerno d'Verletzung vum Liz Beffort an de leschte Samschdeg, dass d'Julie Erpelding krank war. An ech denken, dee schwéierste Match war effektiv dee géint Péiteng, wou mir kloer dohinner gaange sinn, fir ze gewannen, a wou mir du verluer hunn a wierklech net gutt gespillt hunn, wat eis bëssen demotivéiert huet."
Fir déi Stengeforter geet et, de Match an der Coupe inclus, elo op d'mannst 3 Mol géint den Titelverdeedeger Walfer, déi bis ewell eréischt 1 Saz an der ganzer Saison hänke gelooss hunn. Deemno e ganz schwéiert Lous fir de VC Stengefort, déi awer wëlle weisen, datt si sech hir Plaz an der Halleffinall verdéngt hunn. An da gëtt et och nach d'Zil vun der drëtter Plaz.
"Dee Match drëtt/véiert Plaz, dee muss gespillt ginn an denken, dass déi ganz Ekipp do awer motivéiert ass an ech géif elo emol behaapten, dass dat warscheinlech géint Mamer wäert sinn. Sou wéi ech d'Gym op alle Fall de Weekend gesinn hunn, denken ech, dass d'Gym Mamer klappe wäert, sou dass mir da géife géint Mamer spillen. An et ass definitiv een Zil, fir géint Mamer ze gewannen."
Am Playdown bei den Dammen huet Péiteng déi bescht Kaarte viru Bartreng, déi mat Dikrech ëm d'Barrageplaz kämpfen. Fir de VC Fenteng ass den Ofstig kaum nach ze evitéieren.