Rued ass neie Coupe-Gewënner
Rued huet déi 1. Kéier an der Veräinsgeschicht d‘Coupe gewonnen. An der Finall hu sech Gonderinger a Co. 4:3 géint Hueschtert-Foulscht duerchgesat.
Fir Hueschtert-Foulscht, déi dës Saison nach kee Match verluer haten, wär et deen éischte groussen Titel an der Veräinsgeschicht gewiescht. Si hu bis elo just Titele bei der Jugend gewonne gehat. Um Enn sollt et awer eng knapp Néierlag géint Rued ginn.
No den 2 éischte Simpele war Rued duerch de José Lavado an de Peter Musko mat Victoirë géint de Mats Sandell respektiv géint de Maël van Dessel 2:0 vir. Duerno hunn de Kevin Kubica géint d‘Tessy Gonderinger gewonnen, an de Mats Sandell géint de Peter Musko, sou datt et 2:2 stoung. An de Simpele 5 a 6 huet de José Lavado dem Kevin Kubica keng Chance gelooss, mä de Maël van Dessel konnt fir Hueschtert-Foulscht géint d‘Tessy Gonderinger awer nees ausgläichen.
Am decisive Match huet dunn de José Lavado dem Maël van Dessel mat 3:0 an de Sätz keng Chance gelooss.

© Franky Hippert / RTL