Damme vun der Sparta gewannen doheem géint Zolwer

© AFP (ARCHIV)
Am Playdown huet sech d'Sparta Bartreng um 1. Spilldag mat 83:67 géint Zolwer behaapt.
Bei den Damme stoung um Mëttwoch den Owend eng Partie vum 1. Spilldag am Playdown um Programm. Den Nodrosmatch am 2. Tour vun der LBBL tëscht dem BBC Gréngewald Hueschtert an dem Basket Esch ass kuerzfristeg wéinst Corona-Positiven ofgesot ginn.
Den Iwwerbléck vun den Dammen
LBBL
Resultater Dammen 2. Tour
Playdown
Bartreng hat doheem am neie Centre Sportif Niki Bettendorf Besuch vun den Damme vun Zolwer. Den 1. Quarter huet d'Sparta mat 17:19 missen ofginn. Am 2. Véierel sinn déi Bartrenger dunn besser an de Match komm a si mat 3 Punkte Virsprong (41:38) an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel hat Zolwer näischt méi dogéint ze setzen sou dass d'Sparta mat 83:67 (17:19, 24:19, 20:14, 22:15) géint den AS Zolwer gewënnt.