An enger spannender Finall vun der Coupe de Luxembourg konnt sech Nidderkäerjeng mat 4:3 géint Rued duerchsetzen.

An der Finall vun der Coupe de Luxembourg bei den Damme sinn, wéi och an de leschte Joren, Nidderkäerjeng a Rued openeegetraff. An engem spannende Match konnt sech um Enn de liichte Favorit aus Nidderkäerjeng mat 4:3 duerchsetzen.

Et war awer net den Owend vum Egle Tamasauskaite dat seng zwee Matcher mat 0:3 géint d'Annick Stammet an d'Tessy Gonderinger verluer huet. Dës Néierlagen huet awer déi jonk Enisa Sadikovic mat zwou Victoirë géint d'Caroline Dahm an d'Annick Stammet ausgeglach. Am leschten an entscheedende Match stounge sech d'Anelia Lupulesku an d'Annick Stammet géinteniwwer. Dësen huet déi Nidderkäerjengerin souverän mat 3:0 fir sech entscheet an domadder d'Coupe fir Nidderkäerjeng geséchert. An den zwee Matcher virdrun huet sech d'Anelia Lupulesku zwar missen dem Tessy Gonderinger geschloe ginn, mee dem Caroline Dahm dogéint hat et keng Chance gelooss.