E Samschdeg den Owend war bei den Dammen de 4. Spilldag vum 2. Tour an der LBBL an och am Playdown ass ee Match gespillt ginn.

Am 2. Tour vun der LBBL bei den Dammen huet den AB Contern e bëssen iwwerraschend doheem d’Musel Pikes mat 60:58 (11:18, 20:20, 18:12, 11:8) geklappt. Virun allem an deenen zwee leschte Véierel hat d’Ekipp vun der Musel nogelooss, wat Contern konnt zu senge Gonschte notzen.

An der Partie tëscht dem Gréngewald an der Etzella huet de Favorit aus Hueschtert näischt ubrenne gelooss an sech däitlech mat 99:59 (24:15, 33:23, 20:11, 22:10) duerchgesat.

De Resumé vum Match Gréngewald-Etzella
D'Ekipp vu Gréngewald konnt sech mat 99:59 behaapten.

Am leschten Duell vum Owend gouf et dunn nach eng Victoire fir d’Résidence Walfer géint d’Amicale Steesel. Um Enn konnt d’Lokalekipp sech mat 80:72 (14:17, 28:22, 17:19, 21:14) behaapten.

Resultater Dammen 2. Tour

Playdown

Um 2. Spilldag huet d’Sparta Bartreng sech hei am eenzege Match vum Owend ganz däitlech mat 48:98 (9:20, 21:20, 12:30, 6:28) beim Racing duerchgesat. D’Sparta fiert domat déi 2. Victoire an, wärend et fir de Racing déi zweet Néierlag ass.

Playdown Dammen