Nationaalt Basketchampionnat
Sparta no Victoire zu Steesel neien 2.

© AFP (Archiv)
En Dënschdeg den Owend gouf am nationale Basketchampionnat een Nodrosmatch gespillt.
D'Sparta Bartreng steet virum leschte Spilldag vun der Qualifikatioun am Basketchampionnat op der 2. Plaz. Déi Bartrenger hu sech en Dënschdeg den Owend an engem Nodrosmatch mat 90:81 (23:26, 18:23, 27:22, 22:10) zu Steesel duerchgesat.
De Weekend ass dann dee leschte Spilldag vun der Qualifikatioun. Hei decidéiert sech, wie sech als lescht Ekipp fir de Playoff ka qualifizéieren a wien da géint wie wäert spillen.
Am meeschte gelies