50. Gebuertsdag vum Shaquille O'Neal

© AFP
216 Zentimeter a Schonggréisst 59. En imposante Basketballer, deen awer aus der Distanz sou seng Problemer hat.
19 Joer laang Profi an der NBA, vun 1992 bis 2011, 4 mol Champion, 15 mol All-Star an 1 mol MVP - Most Valuable Player.

© AFP
Dee klengen (jo, e war och mol eng Kéier kleng) Shaquille ass deels an Däitschland opgewuess, säi Stéifpapp war als Zaldot vun der US Army a Bayern stationéiert. 1987 ass d'Famill op San Antonio (Texas) gezunn, hei gouf de Shaq direkt an d'Highschool-Basketequipe opgeholl. 2 Joer drop ass en op d'Louisiana State University Ekonomie studéiere gaangen a gouf och hei séier den Haaptspiller an der College-Liga. Seng Etüden huet en dunn ofgebrach, fir sech ganz op de Basket ze konzentréieren, en huet säin Ofschloss awer am Joer 2000 nogeholl, well e senger Mamm dat deemools versprach hat.
Seng Profi-Karriär huet de Shaquille O'Neal 1992 bei den Orlando Magic ugefaangen. A senger éischter NBA-Finall 1995 waren hien a seng nach jonk Ekipp deene méi routinéierte Houston Rockets awer kloer ënnerleeën.
1996 ass en zimmlech onerwaart bei d'Los Angeles Lakers gewiesselt an huet hei vun 2000 bis 2002 dräi mol hannerteneen de Champion gemaach. Hien an de Kobe Bryant waren deemools de Star-Duo bei de Lakers.
2005: E weidere Wiessel op déi aner Säit a Florida bei Miami Heat wou en sech dann och direkt seng 4. NBA-Kroun konnt opsetzen.Nächst Statioun: 2008 Phoenix Suns, 2009 Cleveland Cavaliers, 2010 Boston Celtics an 2011 dunn de Récktrëtt vum Profi-Basket, wéinst ze ville Blessuren.
De Shaquille O'Neal konnt sech an den 90er och en Numm als Rapper maachen, säin 1. vun am ganze 4 Albumen huet sech an de States iwwert 1 Millioun mol verkaf.
Zanter Juli 2011 ass en als Tëleesexpert bei TNT aktiv, an deem Joer koum allerdéngs och de Virworf op, en hätt dräi Morden an eng Entféierung an Optrag ginn. D'Accusatioune sinn awer kuerz drop vum Geriicht fale gelooss ginn.

© AFP
Eng Basket-Legend also mat awer engem grousse Manktum oder Defizit: D'Wërf aus der Distanz. Dräier ware bei him eng Raritéit a vu senge Fräiwërf ass nëmmen all zweeten eragaangen. Dowéinst huet den amerikaneschen Trainer Don Nelson sengerzäit déi sougenannten "Hack-a-Shaq"-Taktik entwéckelt. De Shaquille O'Neal gouf bewosst a gezielt gefoult fir dann ebe musse Fräiwërf ze schéissen. Mam Resultat, datt der deementspriechend vill dolaanscht gaange sinn ...

© AFP