Dëschtennis
D'Sarah De Nutte gewënnt géint d'Nummer 12 op der Welt

© Val Wagner (Archiv)
Am éischten Tour vum Haapttableau vum Contender Tournoi zu Muskat am Oman gewënnt d‘Lëtzebuergerin mat 3:0 géint d'Cheng I-Ching.
D'Taiwanesin ass aktuell d‘Nummer 12 op der Welt a bei dësem Tournoi op 2 gesat. Et wier dat "bescht Eenzel-Resultat" vu senger Karriär, esou d'Sarah De Nutte no hirer Victoire. En Donneschdeg am Nomëtteg ëm 16.10 Auer eiser Zäit ass d'Lëtzebuergerin du géint déi 22 Joer al Chinesin Qian Tianyi ugetrueden, déi an der Weltranglëscht op der 43. Plaz steet. D'Sarah de Nutte konnt sech an dësem Match net duerchsetzen. Nom véierte Saz ass d'Chinesin mat enger Victoire an d'Véierelsfinall agezunn.
Am meeschte gelies