Sollt d'Résidence e Samschdeg géint d'Fiels verléieren, da géingen déi Bartrenger als Éischten an de Playoff zéien.

E Freideg den Owend war am Härebasket den Optakt vum leschte Spilldag vun der Qualifikatioun an der LBBL. D'Sparta Bartreng huet sech mat 82:73 (32:19, 16:15, 16:17, 18:22) géint de Racing duerchgesat a steet elo an der provisorescher Tabell op der 1. Plaz.

Déi weider Matcher ginn e Samschdeg den Owend gespillt. Hei decidéiert sech dann och wéi eng Ekipp et nach an de Playoff packt. Mat de Musel Pikes, dem T71 Diddeleng an dem AB Contern spillen nach dräi Ekippen ëm déi lescht Plaz.

Resultater Hären

Dammen

Och um 2. Spilldag am 2. Tour vun der LBBL-Qualifikatioun gouf et eng Victoire fir den T71 Diddeleng. D'Damme vun Diddeleng hu sech mat 72:57 (17:13, 9:12, 26:16, 20:16) géint de Gréngewald duerchgesat.

Resultater Dammen 2. Tour

Playdown

Am Playdown huet d'Sparta géint den direkte Konkurrent fir an der LBBL ze bleiwen Wolz eng ganz wichteg Victoire gefeiert. Um Enn stoung et 86:60 fir d'Damme vu Bartreng. An der Paus war ee scho mat 46:23 a Féierung.

Am zweete Match huet Zolwer mat 52:44 beim Racing gewonnen.

Playdown Dammen