Duerch déi eege Victoire an duerch de Succès vum AB Contern géint d’Musel Pikes séchert den T71 sech déi leschte Plaz am Playoff.

E Samschdeg war bei den Hären de leschte Spilldag vun der regulärer Saison, wärend bei den Dammen d’Suite vum 5. Spilldag vum 2. Tour vun der LBBL war.

Basketchampionnat / Rep. Guy Seyler

Hären

De Resumé vum Match Conter géint Musel Pikes
D'Ekipp vu Conter huet sech knapps mat 79:75 duerchgesat.

D’Résidence Walfer ass duerch d’Néierlag géint d’Arantia um leschte Spilldag nach vun der 1. Plaz erofgerutscht.

Duerch d’Victoire um Freideg vun der Sparta géint de Racing ass Bartreng elo den 1. vun der regulärer Saison, 3. ass iwwerdeems d’Etzella.

Op de Plaze 4, 5 a 6 leien Esch, Hiefenech an d’Arantia, déi nom leschte Spilldag allen dräi déi selwecht Unzuel u Punkten hunn (35). An der Tabell tëscht deenen dräi Ekippen läit Esch vir an ass domat op der 4. vun der regulärer Saison. Déi 5. Plaz ass fir Hiefenech a 6. gëtt domat d’Arantia.

D’Amicale Steesel bleift op der 7. Plaz an den T71 spréngt no der Victoire géint Hesper an nom Succès vu Contern géint d’Musel Pikes op déi 8. Plaz.

Doraus ergi sech fir de Playoff dës 4 Partië, déi vum Weekend vum 19. Mäerz u gespillt ginn:

Sparta Bartreng-T71 Diddeleng
Résidence Walfer -Amicale Steesel
Etzella Ettelbréck-Arantia Fiels
Basket Esch-US Hiefenech

Resultater Hären

Dammen

An engem serréierte Match gouf et um Enn eng Victoire fir de Basket Esch, dee sech mat 69:63 (21:14, 14:20, 11:13, 23:16) géint d’Etzella duerchsetze konnt. D’Damme vun Ettelbréck ware mat engem Punkt Avance an de leschte Véierel gaangen, ma d’Lokalekipp konnt de Match duerch gutt lescht 10 Minutten nach dréinen.

D’Résidence Walfer huet eng staark Leeschtung bei de Musel Pikes gewisen a sech doduerch mat 89:81 (19:14, 31:20, 23:23, 16:24) d’Victoire geséchert. Virun allem an der éischter Hallschent ass der Résidence vill gelongen, sou dass si no zwee Véierel schonn eng Avance vu 16 Punkten haten. D’Musel Pikes hunn am leschte Véierel nach eemol opgedréint, ma fir de Match ze dréinen war et awer ze spéit.

Iwwerdeems konnt d’Amicale Steesel een intensive Match géint den ABContern, an deem et vill hin an hir gaangen ass, mat 79:73 (18:16, 23:27, 17:18, 21:12) fir sech behaapten. Zu kengem Zäitpunkt konnt eng Ekipp sech ee wierkleche Virsprong erausschaffen, ma an de leschte puer Minutten ass et der Amicale gelongen, de Match zu hire Gonschten ze entscheeden.

Resultater Dammen 2. Tour

Playdown

Playdown Dammen