Bartreng klappt Dikrech am éischte Match vun der Halleffinall
E Sonndeg stoung déi zweet Partie vun den Halleffinallen bei den Hären um Programm. Déi komplett Resultater fannt dir hei.
Härevolleyball
Halleffinall
E Sonndeg den Owend konnt sech an der éischter Halleffinall de Volley Bartreng mat 3:2 (25:21, 13:25, 25:23, 22:25, 15:11) géint Dikrech behaapten. Déi zweet Halleffinall vum Best-of-three-Modus gëtt den 13. Mäerz gespillt. Do huet Bartreng d'Chance sech duerch eng zweet Victoire fir d'Finall ze qualifizéieren. Am Fall vun enger Dikrecher Victoire fält d'Decisioun an engem drëtte Match.
An der éischter Halleffinall, déi e Samschdeg gespillt ginn ass, konnt sech de VCStroossen mat 3:0 (25:19, 25:16, 25:) géint de VCFenteng duerchsetzen. E Samschdeg an enger Woch ass dann den zweete Match tëscht béiden Ekippen. Falls de VC Fenteng hei sollt gewannen, gëtt et een Entscheedungsmatch.
Resultater Hären
Playdown
Hären Playdown
Dammevolleyball
Halleffinallen
An der éischter Halleffinall huet den Gym Volley sech mat 2:3 (29:31, 21:25, 25:20, 25:16, 13:15) géint Mamer misse geschloe ginn. Nodeems d’Gäscht déi éischt zwee Sätz gewonnen haten, ass d’Lokalekipp nach eemol zréckkomm, ma um Enn hunn d’Spillerinne vu Mamer awer d’Iwwerhand behalen.
Déi zweet Halleffinall tëscht Walfer a Stengefort ass mat 3:0 (25:15, 25:18, 25:17) un d’Lokalekipp gaangen. Och hei ginn déi nächst an eventuell decisiv Matcher an enger Woch gespillt.
Resultater Dammen
Playdown