Out fir Titelverdeedeger Diddeleng an der Course ëm de Championstitel

© pressphoto Archiv
Och den DT Houwald huet an der Course ëm eng Plaz an den Halleffinallen ee Réckschlag missen astiechen.
Déi lescht 9 Joer laang huet den DT Diddeleng de Championstitel gewonnen. Nom 1. Spilldag vun de Playoffs steet elo awer scho fest, datt déi Diddelenger et net méi an d'Halleffinalle packe kënnen. Den amtéierende Champion huet sech do nämlech mat 3:5 géint de Coupe-Gewënner Rued misse geschloe ginn.
Weider huet den DT Houwald eng 1:5-Néierlag géint Éiter-Waldbriedemes missen astiechen. Virun allem huet d'Houwalder Nummer 1, den Irfan Cekic, enttäuscht. Domat verléiert den Houwald och déi zwee Plaz un den DT Rued a muss op besser Resultater an den nächste Matcher hoffen, fir de Sprong an d'Halleffinallen ze packen. Hueschtert-Folscht a Lénger si jo schonns fir d'Halleffinalle qualifizéiert.