Bartreng steet an der Finall

© RTL Archiv
Bartreng setzt sech kloer mat 3:0 zu Dikrech duerch. Bei den Damme gëtt et tëscht Mamer an der Gym en drëtten decisive Match fir an d'Finall.
Härevolleyball
Am Volleyball ginn aktuell d'Halleffinallen nom Best-of-Three-System gespillt.
Den éischte Match an der Halleffinall tëscht Bartreng an Dikrech war mat 3:2 ganz spannend verlaf. Et hat ee sech also op en enke Match agestallt. Zu Dikrech waren déi zwee éischt Sätz och ganz serréiert, mee um Enn setzt sech Bartreng kloer mat 3:0 géint d'Heemekipp duerch an trëfft an der Finall op Stroossen.
Nodeems Stroossen d'lescht Woch mat 3:0 géint Fenteng gewonnen hat, ass et beim zweete Match méi enk zougaangen. De VC Fenteng konnt den zweete Saz fir sech entscheeden an huet och am drëtte Saz gutt matgehalen. Um Schluss gewannen déi Stroossener Häre mat 3:1 an zéien an d'Finall vum Championnat an.
Resultater Hären
Playdown
Am Playdown hat de VBC Esch de VC Belair op Besuch. Déi Escher setze sech no fënnef Sätz mat 3:2 duerch.
Hären Playdown
Dammevolleyball
Beim Match Stengefort géint Walfer gouf et eng kloer Victoire fir d'Gäscht vu Walfer. Si setze sech mat 3:0 géint d'Heemekipp duerch. Den éischte Saz war nach zimmlech equilibréiert, mee den zweeten an drëtte Saz si kloer u Walfer gaangen. D'Walfer Dammen hate sech schonn am éischte mat 3:0 géint de VC Stengefort duerchgesat a stinn domat als éischt Ekipp an der Finall.
Am zweete Match um Samschdeg hat Mamer d'Gym op Besuch. Mamer hat den éischte Match knapp mat 3:2 fir sech entscheet. Am zweete Match vum System Best of Three war et déi erwaart spannend Partie. D'Gym war séier mat 2:0 vir, mee Mamer huet sech am drëtten a véierte Saz zeréckkaf a konnt fir den 2:2-Sazausgläich suergen. Am decisive fënnefte Saz huet sech dann d'Gym duerchgesat a gewënnt mat 3:2. Domat gëtt den nächste Weekend den decisiven drëtte Match gespillt.
Resultater Dammen
Playdown
E Sonndeg hunn déi Dikrecher Dammen zu Bartreng mat 3:1 gewonnen.