Am Dëschtennis-Championnat war e Sonndeg den 2. Spilldag vum Playoff.

Rued steet no enger 5:2-Victoire géint Éiter/Waldbriedemes nom 2. Spilldag vum Playoff un der Tabellespëtzt. Ma well gläichzäiteg den Houwald géint Diddeleng gewonnen huet, bleift et spannend an der Course ëm déi lescht zwou Plazen an den Halleffinallen.

Virum leschte Spilldag steet Rued un der Spëtzt mat 12 Punkten, Éiter/Waldbriedemes an Houwald hunn 11 Punkten. Tëscht dësen dräi Ekipp fält den nächste Weekend d'Decisioun. Den Houwald kritt et mat Rued ze dinn an Diddeleng muss géint Éiter/Waldbriedemes untrieden.

Hei si verschidde Konstellatioune méiglech, wat d'Decisioun ëm d'Tickete fir d'Halleffinallen ugeet. Den Detail fannt Dir am Schreiwes vun der Dëschtennisfederatioun.

An der NLAB huet Lëntgen iwwerraschend mat 5:3 géint de Briddel gewonnen. Domadder kann de Briddel keng vun den Tabelleplaze méi erreechen, déi een Opstig géinge méiglech maachen. Doduerch steet d'Union nieft Berbuerg als sécheren "zweeten" Opsteiger fest. Dobäi kënnt, datt Lëntgen elo nees minimal Chancen huet, fir opzesteigen. Mat enger klorer Victoire géint Recken konnt sech Lënster dëse Weekend dann och schonn iwwert den Opstig freeën.