Ni Xia Lian a Sarah de Nutte verléieren an der Halleffinall

© Manfred Schillings / FLTT (Archiv)
An der Véierelsfinall hunn déi zwou Lëtzebuergerinne sech mat 3:1 géint d'Vize-Europameeschterinne Sabine Winter an Nina Mittelham duerchgesat.
D'Koppel aus Däitschland hat wuel den éischte Saz knapp gewonnen, ma an der Suite konnten d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte awer 3 Sätz hannertenee gewannen a stinn domat an der Halleffinall beim Singapore Smash, engem Tournoi vun der héchster WTT-Kategorie.
An der Halleffinall hunn d'Lëtzebuergerinnen e Mëttwoch de Moien awer elo géint d'Sun Yingsha an d'Wang Manyu aus China mat 0:3 verluer, déi an der Dubbel-Weltranglëscht souverän op Plaz 1 stinn. Géint dës Koppel haten d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte och schonn an der WM-Halleffinall zu Houston verluer.