Wéi déi iewescht Divisiounen no der laanger sanitärer Paus nees de Sportbetrib konnten ophuelen, hunn déi Jonk sech weider missen gedëllegen.

Wéi déi iewescht Divisiounen no der laanger sanitärer Paus nees de Sportbetrib konnten ophuelen, hunn déi Jonk sech weider missen gedëllegen. Och elo, wou Jugendekippen nees Matcher kënne spillen, bléift de Virus am Hannerkapp. Mir hu bei de Jugendspiller vum T71 Diddeleng nogefrot, wéi si déi ganz Situatioun erlieft hunn an wéi eng Ängschte si haut nach hunn.

D'Jugendspiller vum T71 stinn endlech nees zesummen um Terrain a si hu laang missen drop waarden, fir hir Kolleegen nees erëm ze gesinn.

Den Noah Jeitz: „Am Ufank war et zimmlech schwéier, well guer kee Basket konnt gespillt ginn. An no e puer Méint Paus huet een och zimmlech vill verléiert. Am Ufank waren Trainingen ouni Kontakt an och nëmmen zu maximal 4 Leit. Et huet ee gemierkt, dass mir vill verléiert hunn.“

Basket ass en Ekippesport an dowéinst konnt op engem Training zu 4, respektiv a Gruppe vun 2 Leit kee System trainéiert ginn. Do louch et op der Hand, dass nëmmen un der Technik ka gefeilt ginn. De Lenn Dondelinger: „Dat huet eis gehollef fir Individuell besser ze ginn.“

Den Training ass wärend der Pandemie iwwer Videokonferenz ofgehale ginn. Esou konnte si am Training bléiwen, mee perfekt war dat aus hirer Sicht awer net. “Et war net dat selwecht. Den Trainer konnt eis net verbesseren, hie konnt net bei eis kommen, fir eis ze weisen, wat mir falsch maachen," esou de Pol Becker.

Den Trainer kann de Spiller awer elo nees an der Hal ënnert d’Äerm gräifen, fir besser ze ginn. Ma eng Ongewëssheet bléift awer. “Et huet een natierlech ëmmer Angscht, dass ee positiv getest gëtt an da kann een emol e Match net matspillen. Dat stresst och fir Prüfungen an der Schoul an dat ass zimmlech schlecht“, sot de Jonas Lies.

De Lenn Dondelinger hat esouguer Suergen, dass si no de Matcher esouguer Angscht gehat hätten, dass e Spiller vum Géigner respektiv Arbittere positiv wieren, wat bedeite géif, dass si nees an der Schoul gefeelt hätten“

„Wou ech Corona hat, war ech traureg, dass ech net op den Training konnt kommen oder bei engem Match gefeelt hunn an dowéinst hunn ech mir Gedanke gemaach, dass meng Ekipp verléiere géif“, huet den Justin Lux betount.

Dës Pandemie huet bei der Jugend hir Spueren hannerlooss an och wa Mesurë gelackert ginn, bléift de Virus present. Um Dag vun eisem Tournage hunn 3 Jugendspiller wéinst engem positiven Test gefeelt.