Bei den Dammen hu sech um Sonnden d'Musel Pikes zu Ettelbréck schwéier gedoen.

Um Weekend stoung bei den Hären am nationale Basketchampionnat déi éischt Véierelsfinallen am Playoff (Best-of-Three-Modus) an de Playdown um Programm, wärend bei den Dammen d'Suite vum 2. Tour vun der LBBL-Qualifikatioun a vum Playdown war.

An der leschter Véierelsfinall um Sonndeg huet d'Etzella däitlech mat 81:62 (17:20, 24:17, 22:12, 18:13) géint d'Fiels d'Iwwerhand behalen. An der éischter Hallschent war de Match nach equilibréiert an d'Gäscht hunn den Ettelbrécker d'Liewe schwéier gemaach. An der Paus stoung et 41:37 fir d'Heemekipp. Nom Säitewiessel a besonnesch am drëtte Véierel huet d'Etzella awer d'Heft an d'Hand geholl. Déi Ettelbrécker hunn de Virsprong däitlech ausgebaut. Um Enn konnt d'Fiels net méi dogéint halen, soudass et beim däitleche Succès vun der Heemekipp bliwwen ass.

Um Samschdeg huet den T71 sech mat 87:77 (27:17, 15:15, 22:27, 23:18) op der Sparta duerchgesat. Déi Bartrenger hunn net richteg an de Match fonnt a louchen nom éischte Véierel schonn 10 Punkten hannen. Tëschenzäitlech hat den T71 eng Avance vu 24 Punkten, an och wann d'Lokalekipp nach eemol zréckkomm ass, goung et net méi duer, fir dëse Réckstand nach opzehuelen.

Zu Esch huet d'Lokalekipp de Gäscht aus Hiefenech keng Chance gelooss a ganz däitlech mat 102:56 (22:24, 29:17, 19:11, 32:4) gewonnen. Wärend Hiefenech nom éischte Véierel souguer nach a Féierung louch, ass Esch an de Véierelen 2 an 3 méi staark ginn a konnt sech eng grouss Avance erausspillen. An de leschten 10 Minutte sinn d'Visiteuren du komplett ausernee gefall, soudass Esch de Match mat bal 50 Punkten Ofstand fir sech entscheet.

Da gouf et zu Walfer nach ee Succès fir d'Lokalekipp géint Steesel, déi sech an engem ganz intensive Match um Enn mat 105:96 (27:31, 22:32, 25:14, 31:19) duerchsetze konnt. An der Paus huet et nach no enger iwwerraschender Defaite fir d'Résidence ausgesinn, wéi si e Réckstand vu 14 Punkten opzehuelen haten. An de leschten zwee Véierel hunn d'Haushären awer opgedréint a konnten d'Néierlag duerch eng staark Leeschtung an der zweeter Halbzeit nach verhënneren.

Resultater Hären

Playdown

AB Contern - Racing Lëtzebuerg 85:81 (17:19, 16:17, 30:21, 22:24)

Dammen

Um Sonndeg hu sech bei den Dammen d'Musel Pikes zu Ettelbréck iwwerraschend schwéier gedoen, um Enn awer nach mat 86:80 (19:16, 18:25, 22:25, 27:14) bei der Etzella gewonnen. An der Paus louch d'Heemekipp no engem gudden zweete Véierel mat 41:37 vir. Och den drette Véierel goung 25:22 un Ettelbréck. D'Gäscht hunn am Schlussvéierel awer nach emol opgedréint. Aus engem Retard vu 7 hunn d'Pikes e Virsprong vu 6 Punkten gemaach.

Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun gouf et um Samschdeg ee spannende Match tëscht dem Coupe-Gewënner vu Walfer an dem Basket Esch. Nodeems déi Walfer Dammen an der Paus nach mat 9 Punkte a Réckstand louchen, ware si um Enn vum 3. Véierel souguer mat 2 Punkten a Féierung. Esch ass awer nach eemol zréckkomm an hat kuerz viru Schluss mat engem Fräiworf d'Chance, de Match fir sech entscheeden, ma et ass awer beim Stand vun 73:73 an d'Overtime gaangen. Och hei ass et eng ausgeglache Partie bliwwen, ma d'Likhtarovich huet mam leschte Ball vum Match 3 Punkte geschoss, woumat Walfer sech muss mat 81:84 (12:21, 23:23, 25:14, 13:15, 8:11) géint de Basket Esch geschloe ginn.

Fir den AB Contern gouf et iwwerdeems eng 69:77 (19:19, 23:19, 12:16, 15:23)-Defaite géint den T71. An den éischten dräi Véierel konnt d'Lokalekipp nach gutt mathalen an hat d'selwecht vill Punkte wéi de Favorit aus Diddeleng, an de leschten 10 Minutten hunn d'Damme vum T71 hire Géignerinnen awer du keng Chance méi gelooss.

An der leschter Partie konnt de Gréngewald beim 77:65 (18:11, 20:19, 22:18, 17:17) dunn nach eng souverän Victoire géint d'Amicale Steesel feieren.

Resultater Dammen 2. Tour

Playdown

Racing Lëtzebuerg - Les Sangliers Wooltz48:76 (10:23, 13:21, 17:12, 8:20)
AS Zolwer - Sparta Bartreng 57:70 (15:24, 7:12, 14:18, 21:16)