Berbuerg an d'Union spillen d'nächst Saison weider der Audi TT League, nei mat dobäi si Recken an Esch Abol.

Am Dëschtennis-Championnat hu sech um leschte Spilldag vum Playoff Rued an Éiter-Waldbriedemes déi 2 lescht Tickete fir d'Halleffinalle geséchert.

Rued huet beim Houwald 5:2 gewonnen. Doduerch konnt sech Éiter/Waldbriedemes eng 3:5-Néierlag zu Diddeleng leeschten.

Déi aner 2 Ekippen an den Halleffinalle si jo Hueschter-Foulscht a Lénger.

An der NLAB war et de Weekend och dee leschte Spilldag. Berbuerg an d'Union bleiwen an der Audi TT League, nei mat dobäi sinn d'nächst Saison Recken an Esch Abol.

D'Resultater vum Dëschtennis am Iwwerbléck