Steesel erzwéngt een drëtte Match géint Walfer

© AFP
Esch, den T71 wéi och d'Etzella sti fréizäiteg an der 1/2-Finall. Bei den Damme steet fest, wéi eng Ekippen an der 1/4-Finall géintenee spillen.
Um Samschdeg den Owend stounge bei den Hären am nationale Basketchampionnat d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen (Best-of-Three-Modus) um Programm. Hei war et ënnert anerem d'Sparta, Tabellenéischten an der regulärer Saison, déi zu Diddeleng gefuerdert waren. Am Playdown sinn 2 Matcher gespillt ginn.
Damme waren um leschte Spilldag am 2. Tour an der LBBL-Qualifikatioun gefuerdert.
D'Sparta war also zu Besuch zu Diddeleng, wou d'Ekipp vum Chris Wullf no der Néierlag zu Bartreng d'Serie wollt ausgläichen an esou an een 3. Match wollt goen. An esou si si och an de Match gaangen a konnten den 1. Quarter mat 16:13 fir sech entscheeden. Een änlecht Bild huet sech am 2. Véierel gewisen an esou ass Bartreng mat 4 Punkte Virsprong an d'Kabinne gaangen (36:32). No der Paus sollt d'Ekipp vum Tom Schumacher de Spiiss awer dréinen, a gewënnt den drëtte Quarter mat 22:10. Diddeleng ass weider um Ball bliwwen, d'Sparta huet vu baussen net vill getraff, an esou kann den T71 sech mat 72:64 (13:16, 19:20, 22:10, 18:18) géint d'Sparta duerchsetzen. Fir d'Sparta, 1. an der Tabell no der Qualifikatioun, ass d'Saison domat eriwwer.
D'Amicale Steesel hat am Nooperschaftsduell Besuch vu Walfer. D'Ekipp vum Dean Gindt, déi den 1. Match gewanne konnten, hunn am 1. Quarter e 5 Punkte Réckstand nees gutt gemaach a si mat 27:25 an den zweete Véierel gaangen. Wéi och am 1. Match sinn immens vill Punkte gefall. Walfer ass mat 48:46 an d'Kabinne gaangen. Et ass weiderhin immens spannend bliwwen, an et konnt sech bis zum Schluss keen ofsetzen. Um Enn hat awer d'Amicale de längeren Otem a gewënnt mat 92:88 (25:27, 21:21, 22:22, 24:18) géint d'Residence, wat bedeit dass een entscheedenden drëtte Match muss gespillt ginn.
De Basket Esch ass no der däitlecher Victoire am 1. Match och zu Hiefenech als kloren Favorit an de Match gaangen. Ënnert dem Impuls vum Clancy Mac Rugg, deen eleng an der 1. Hallschent 21 vu senge 35 Punkte geschoss huet, konnt d'Etzella och zu Hiefenech gewannen (78:62) a steet domat an der 1/2-Finall.
Ettelbréck, déi den 1. Match an der Best-of-Three Serie géint Fiels gewonnen haten, hunn vun Ufank un der Fiels gewisen, dass och am zweete Match näischt wäert ze huele si fir d'Arantia. Sou louch d'Etzella an der Paus scho mat 16 Punkte vir. De Wëlle kann een der Fiels net ofschwätzen, mee et sollt um Enn awer net duer goen. Etzella gewënnt mat 85:63 (24:13, 20:15, 25:17, 16:18) a steet am nächsten Tour.
Resultater Hären
Playdown
Playdown Hären
Dammen
Virum leschte Spilldag am 2. Tour an der LBBL-Qualifikatioun stoung de T71 Diddeleng als Tabelleleader scho fest. Damme vum T71, déi et um Samschdeg den Owend mat der Amicale vu Steesel ze di kruten an dëse Match mat 101:75 (30:14, 19:17, 26:16, 26:28) gewanne konnten, spillen an der Véierelsfinall domat géint d'Etzella vun Ettelbréck.
D'Ekipp aus den Däichwisen hunn hire Match iwwerdeems géint d'Residence vu Walfer verluer. Walfer, fir déi et um leschte Spilldag am Fernduell mat de Musel Pikes nach em déi 2. Plaz gaangen ass, huet Ettelbréck keng Chance gelooss, a gewënnt däitlech mat 108:73 (32:9, 24:20, 22:25, 30:19).
D'Musel Pikes huet hire Match awer och gewonnen, sollt um Enn trotzdeem op der 3. Plaz an der Tabell stoen. Doheem zu Stadbriedemes konnten sech Bidinger a Co. mat 65:46 (17:17, 21:7, 19:15, 8:7) géint de Basket Esch behaapten. Virun allem am 3. Véierel hunn d'Pikes de Grondstee fir d'Victoire konnte leeën. D'Pikes kréien et an der 1/4-Finall mat Steesel ze dinn. D'Residence vu Walfer kritt et mam Basket Esch ze dinn.
Am leschte Match vum Owend huet de BBC Gréngewald Hueschtert géint den AB Contern mat 58:67 (13:12, 12:15, 12:18, 21:22) de Kierzeren gezunn. Domat kritt de Gréngewald et an der Véierelsfinall mat Conter ze dinn.
Resultater Dammen 2. Tour
Playdown